D'maximal Aschätzung vun den noutwendege Méikäschte beleeft sech op net grad 139 Milliounen:
Dat gouf e Méindeg am spéiden Nomëtten op enger Pressekonferenz iwwert den zukünftege Lëtzebuerger Militärsatellit confirméiert.
Den ëmstriddene Militärsatellit war e Méindeg e Sujet an der Budgetskontrollkommissioun.
D'maximal Aschätzung vun den noutwendege Méikäschte beleeft sech op net grad 139 Milliounen:
Dat gouf e Méindeg am spéiden Nomëtten op enger Pressekonferenz iwwert den zukünftege Lëtzebuerger Militärsatellit confirméiert.
"De Sozialdialog muss an den nächste Wochen nach méi intensiv ginn." Dat sot d'Staatsbeamtegewerkschaft.
Dat huet d'CGFP ënnerstrach, nodeems den Nationalcomité eng éischte Kéier zënter dem Lockdown beienee war.
Op enger Tripartite, fënnt d'Gewerkschaft vun de Staatsbeamten, misst an Zukunft och iwwert méi kriddeleg Sujeten diskutéiert ginn, zum Beispill iwwert d'Budgetspolitik an d'Finanzéierung vun de Käschten, déi duerch d'Corona-Pandemie entstan sinn, respektiv nach entstinn.
An der Budget-Kontroll-Kommissioun war e Méindeg de Projet vum Lëtzebuerger Militär-Satellit, dee jo 180 Mio. € méi deier wéi geplangt gëtt, nees Sujet.
Och no der Budget-Kontroll-Kommissioun, wou de Projet "LuxeoSys" e Méindeg de Mëtteg nees Sujet war, stoungen nach eng Hellewull Froen am Raum, op déi den zoustännege Minister awer wëll reagéieren. Eng Consulting-Firma soll nämlech beim Konzept vum ganze Projet, dee sech op d’mannst op 350 Milliounen wäert chiffréieren, hëllefen.
Dat freet d'Stéphanie Empain vun déi Gréng an enger parlamentarescher Fro un de Sportminister a Verdeedegungsminister.
Weider wëll déi Deputéiert wëssen, ob déi Lëtzebuerger Delegatioun, déi 2019 zu Wuhan a China war, op Covid-19 getest gouf. Zum Schluss freet d'Stéphanie Empain nach, ob et zu deem Thema och een Echange mat aneren Delegatioune gouf.
16 Lëtzebuerger Sportler waren zu Wuhan am Asaz.
Am zweete Semester dëst Joer soll de Militärfliger vun Airbus u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.
Wéi Airbus Defence op Twitter matdeelt, ass den A400M, de Militärfliger vun der Lëtzebuerger Arméi, déi éischte Kéier vun der sougenannten "Final Assembly Line" zu Sevilla gestart an ofgehuewen.
Lëtzebuerg kritt am Kader vum NAOS-Weltall-Observatiouns-Programm vun der NATO, en deiere Militärsatellit - e ganz deieren.
Am Summer 2018 gouf den entspriechende Gesetzprojet ënnert dem deemolegen Defense-Minister Etienne Schneider ugeholl. Elo – knapp 2 Joer duerno - soll d'Chamber den Accord ginn, fir déi ursprénglech Zomme ze verduebelen. D'Regierung huet den Deputéierten an der Budgetskontrollkommissioun e Méindeg de Mëtteg éischt Erklärunge ginn.