SPAL
News
A Christmas Celebration
Mëttwochs, den 9. Dezember huet de Fonds de Secours vum SPAL um 19:00 zu Dikrech an der Aaler Seeërei d'Militärmusek op Besuch. Dëst fir e ganz besonnesche Chrëschtconcert mat engem flotten, op d'Mooss geschneiderte Chrëschtdagsprogramm mat villen Extraen a Solisten, dat alles zu Gonschte vum Fonds de Secours.
Generalversammlung vun EUROMIL zu Dublin
EUROMIL’s 134th General Assembly: Addressing the Challenges Facing Ireland’s Defence Forces Spal was represented our President and board member of EUROMIL, Mr Christian SCHLECK and the Secretary General of SPAL Mr Jeff SCHUH.
During the 134th General Assembly, we had the opportunity to hear speeches from Helen McEntee, Minister for Defence and Minister for Foreign Affairs and Trade of Ireland, and Lieutenant General Rossa Mulcahy, Chief of Staff of the Irish Defence Forces.
Like many armed forces across Europe, the Irish Defence Forces are undergoing a comprehensive process of reform. Both speakers expressed their hope that the government, the armed forces and the representative associations could work together to address the challenges ahead and implement sustainable, common solutions. In this process, EUROMIL can provide valuable advice and support, drawing on its experience and expertise in representing military personnel across Europe.
In February 2026, Minister McEntee presented her priorities for the transformation of the Irish Defence Forces. She explicitly identified supporting personnel as one of her five key priorities, with a particular focus on retaining experienced personnel, career development, promotion opportunities and cultural change. She also emphasized that the reforms should lead to tangible improvements for serving military personnel.
These commitments provide an important basis for constructive dialogue. The key question now is how political commitments can be translated into measurable improvements in working conditions, pay, staffing levels and social dialogue.
Modernizing the armed forces must go hand in hand with improving the conditions of those who serve. Strengthening military capabilities and ensuring that military personnel are properly supported are complementary objectives. Cooperation between governments, military leadership and representative associations will be essential to achieving lasting progress.
Félicitatiounen
Mir felicitéieren dem neie Chef d'Etat Major Claude Robinet a freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht!
Changement am Conseil d'Administration vum SPAL
"Eng Arméi vun de Leit"
Haut de Moien hutt den SPAL op eng Rentréespressekonferenz invitéiert.
Liest eis Haaptpunkten hei ënnen drënner
Communiqué de Presse
Comission de contrôle du 21 juillet 2026: le SPAL dénonce un nouveau mépris du dialogue social
ELO an ärer Boîte
An deenen nächsten Deeg fannt Dir, léif Memberen, är Vakanzelecture an ärer Bréifboîte!
Mir wënschen jidderengem eng gudd Lecture an een relaxen Congé
Pressemitteilung
No eiser Assemblée Générale fannt Dir hei eis Haaptpunkten an engem Communiqué
Félicitatiounen
Mir begréissen d’Decisioun vun der Ministesch a begléckwënschen den zukünftege Chef d’Etat Major.
Domadder ass ewéi mir gefuerdert hunn e Renouveau méiglech a KEE „weider esou“. Mir hoffen op eng gutt Zesummenaarbecht an e Sozialdialog op Aenhéicht
Revue de Presse - Op Spal.lu emmer um Neitsten Stand
Christian Schleck, warum setzen Sie auf eine neue Armeeführung?
Fannt desen an all aaner Presserartikelen a Relatioun matt eiser Aarbecht, an der Lëtzebuerger Armei an eiser Rubrique: Revue de Presse
Schéin Chrëschtdeeg an ee gudden Rutsch
Pünktlech fir d‘Feierdeeg an ärer Boîte!
Matt daer neier SPAL-Info wënschen mir Iech an ären Léifsten schéin Chrëschtdeeg, ee gudden Rutsch an fierun allem eng „bonne Lecture“!
Merci fir ärt Vertrauen!
D'Demokratesch Partei an den SPAL hu sech ausgetosch
Viru kuerzem hat eng Delegatioun vum SPAL enger Entrevue bei der DP - Demokratesch Partei.
An enger konstruktiver a sympathescher Ambiance konnte mir d’Doleancë vun eise Memberen zum Ausdrock bréngen an eis iwwer verschidde wichteg Themen austauschen!
Eisen Haaptsujet ass aktuell de Statut vum Zaldot, bei deem mir och op Verständnis an oppen Ouere gestouss sinn, wat ons Fuerderung no engem moderne Statut ugeet!
Mir hunn och betount, och wann et net am Koalitiounsaccord steet, grad an deenen haitegen Zäite muss e Paradigmewiessel an d’Aa gefaasst gi fir de Geopoliteschen Erausfuerderunge vun haut a muer gerecht ze ginn.
De SPAL huet och kloer zum Ausdrock bruecht, dass just d’Hiewe vum Solde, ob de Mindestloun, eng kuerzfristeg Optioun ass, a mir eis domadder net wäerten zefridde ginn.
Weider Sujete waren d‘Reservearméi, déi domadder zesummenhängend Contrainten an awer och d‘plus-value vun esou enger Unitéit, wei och d‘Necessitéit vun engem „Commissaire à la Défense“, dee rattachéiert wier un d’Parlament, an esou all Parlamentarier eng Ulafstell kéint si fir d‘Verstoe vun der komplexer Matière, an awer och fir d‘Militär een onofhängegt Organ, wat zur struktureller Verbesserung géif bäidroen!
D'Noutwendegkeet fir en eegestännege Ministère hu mir och duergeluecht, an hoffen dass dat an engem nächste Koalitiounsaccord sech erëm fënnt.
Mir soe Merci fir dee sympatheschen Entretien!
Den SPAL op Besuch bei der CSV
Entrevue matt der LSAP
Ganz interessanten Austausch mat der gréisster Oppositiounspartei LSAP.
Eng Delegatioun vum SPAL war dëser Deeg bei direkt 4 Deputéiert vun der LSAP fir iwwer d‘Haaptsujete vun eis ze diskutéieren. Den aktuelle Statut vum Zaldot ass esou net zukunftsfäeg an et wär un der Zäit d‘Arméi prett ze maache fir d‘Zukunft. Nieft de budgetären Entwécklunge muss och beim Personal eppes passéieren! Do war een sech ronderëm den Dësch eens D‘Attraktivitéit vum Beruff ass ee vun de wichtegste Facteure fir den Ufuerderunge vun der Arméi gerecht ze ginn!
Mir sinn op oppen Ouere gestouss mat eise Sujeten. Och d‘Egalitéit am Dossier RICO, deen endlech op der ligne Droite schéngt, war ee weidere Sujet. Des Weideren ass iwwer méiglech Erausfuerderungen an eventuell Probleemer fir eis Memberen am Zesummenhang matt den Aarbechtskonditiounen zu Arel diskutéiert ginn.
D’Wichtegkeet an d’Fuerderung vum SPAL vun engem eegene Ministère ass och ugeschwat ginn, mir haten d’Gefill dass d’LSAP sech enger Diskussioun net verschléisst.
Weider Sujete waren de Wehrbeoptraagten, de Service Psychologique an d‘Reservearméi. Och eng Piste fir d’Mobilité Interne ze verbesseren ass ugeschwat ginn, dëst wier een Element fir allgemeng dem Rekrutementsproblem an de Grëff ze kréien.
Mir soe Merci fir dee konstruktiven Austausch!
Entrevue matt den Piraten