Accéder au contenu principal

SPAL

News

D'Demokratesch Partei an den SPAL hu sech ausgetosch

26 Novembre 2025

Viru kuerzem hat eng Delegatioun vum SPAL enger Entrevue bei der DP - Demokratesch Partei. 


An enger konstruktiver a sympathescher Ambiance konnte mir d’Doleancë vun eise Memberen zum Ausdrock bréngen an eis iwwer verschidde wichteg Themen austauschen!

Eisen Haaptsujet ass aktuell de Statut vum Zaldot, bei deem mir och op Verständnis an oppen Ouere gestouss sinn, wat ons Fuerderung no engem moderne Statut ugeet!

Mir hunn och betount, och wann et net am Koalitiounsaccord steet, grad an deenen haitegen Zäite muss e Paradigmewiessel an d’Aa gefaasst gi fir de Geopoliteschen Erausfuerderunge vun haut a muer gerecht ze ginn.

De SPAL huet och kloer zum Ausdrock bruecht, dass just d’Hiewe vum Solde, ob de Mindestloun, eng kuerzfristeg Optioun ass, a mir eis domadder net wäerten zefridde ginn.

Weider Sujete waren d‘Reservearméi, déi domadder zesummenhängend Contrainten an awer och d‘plus-value vun esou enger Unitéit, wei och d‘Necessitéit vun engem „Commissaire à la Défense“, dee rattachéiert wier un d’Parlament, an esou all Parlamentarier eng Ulafstell kéint si fir d‘Verstoe vun der komplexer Matière, an awer och fir d‘Militär een onofhängegt Organ, wat zur struktureller Verbesserung géif bäidroen!

D'Noutwendegkeet fir en eegestännege Ministère hu mir och duergeluecht, an hoffen dass dat an engem nächste Koalitiounsaccord sech erëm fënnt.

Mir soe Merci fir dee sympatheschen Entretien!

Den SPAL op Besuch bei der CSV

20 Novembre 2025
Eng Delegatioun vum SPAL war bei der gréisster Regierungspartei, der CSV, op Visite.
An enger konstruktiver Ambiance konnte mir d’Doleancë vun eise Memberen zum Ausdrock bréngen an eis iwwer verschidde wichteg Themen austauschen!
Haaptsujet ass aktuell de Statut vum Zaldot, deen eiser Meenung no dringend muss STATUTARESCH moderniséiert ginn!
Des Weidere gouf et een interessanten Echange de vue a puncto RICO-Gesetz, an hei war een sech ronderëm den Dësch eens: Dëst Gesetz ass fir de Militär vun immenser Wichtegkeet a soll sou séier wei méiglech kommen! Natierlech hu mir betount, dass mir weiderhi géint déi 2. Klassegesellschaft sinn, déi iwwer dëst Gesetz geschaaft gëtt.
Weider Sujete waren d‘Reservearméi, déi domadder zesummenhängend Contrainten an awer och d‘plus-value vun esou enger Unitéit, wei och d‘Necessitéit vun engem „Wehrbeoptragten“, dee fir all Parlamentarier eng Ulafstell kéint si fir d‘Verstoe vun där komplexer Matière, an awer och fir d‘Militär een onofhängegt Organ wat zur struktureller Verbesserung géif bäidroen! Noutwendegkeet fir en eegestännege Ministère hu mir och duergeluecht, an hoffen dass dat an engem nächste Koalitiounsaccord sech rëm fënnt.
Mir soe Merci fir d‘Nolauschteren!

Entrevue matt der LSAP

Gréissten Oppositiounspartei am Gespräich
24 Octobre 2025

Ganz interessanten Austausch mat der gréisster Oppositiounspartei LSAP.

Eng Delegatioun vum SPAL war dëser Deeg bei direkt 4 Deputéiert vun der LSAP fir iwwer d‘Haaptsujete vun eis ze diskutéieren. Den aktuelle Statut vum Zaldot ass esou net zukunftsfäeg an et wär un der Zäit d‘Arméi prett ze maache fir d‘Zukunft. Nieft de budgetären Entwécklunge muss och beim Personal eppes passéieren! Do war een sech ronderëm den Dësch eens D‘Attraktivitéit vum Beruff ass ee vun de wichtegste Facteure fir den Ufuerderunge vun der Arméi gerecht ze ginn!

Mir sinn op oppen Ouere gestouss mat eise Sujeten. Och d‘Egalitéit am Dossier RICO, deen endlech op der ligne Droite schéngt, war ee weidere Sujet. Des Weideren ass iwwer méiglech Erausfuerderungen an eventuell Probleemer fir eis Memberen am Zesummenhang matt den Aarbechtskonditiounen zu Arel diskutéiert ginn.

D’Wichtegkeet an d’Fuerderung vum SPAL vun engem eegene Ministère ass och ugeschwat ginn, mir haten d’Gefill dass d’LSAP sech enger Diskussioun net verschléisst.

Weider Sujete waren de Wehrbeoptraagten, de Service Psychologique an d‘Reservearméi. Och eng Piste fir d’Mobilité Interne ze verbesseren ass ugeschwat ginn, dëst wier een Element fir allgemeng dem Rekrutementsproblem an de Grëff ze kréien.

Mir soe Merci fir dee konstruktiven Austausch!

Entrevue matt den Piraten

Konstruktiven Dialog
22 Octobre 2025
De Comité vum SPAL hat haut de Moien eng Entrevue mat de Piraten Lëtzebuerg. Hei war ouni Zweifel ee vun den Haaptsujeten de Statut vum Zaldot. Dobäi ass opgefall, dass an der sensibilité politique vill Verständnis fir eis Fuerderung nom Employées-Statut fir d'Lëtzebuerger Zaldoten an déi domadder verbonnen Attraktivitéit a Stabilitéit war. Nieft dësem Haaptsujet sinn awer weider Themen diskutéiert ginn:
•⁠ een eegestännegen Defenseministere, dëst wär gerechtfäerdegt bedéngt duerch de grousse Budget an déi ëmmer méi grouss Envergure!
•⁠ beim Wehrbeoptraagten gëtt et Verständnis fir d’Noutwendegkeet! Dëst och am Interêt vun de Parlamentarier. Heibäi spillt déi politesch a militäresch Neutralitéit eng grouss Roll.
•⁠ och iwwer d'Manpower am Zesummenhang mam Binationale Batailloun ass geschwat ginn.
 

 

Revue de Presse - AGO

27 Septembre 2025

Fannt all Reportagen a Relatioun matt eiser Assemblée Générale an eiser Rubrik "REVUE DE PRESSE" 

 

Bonne Lecture 

Assemblée Générale Ordinaire

17h30 an der Seeerei
23 Septembre 2025

Mir invitéieren eis Memberen haut den Owend em 17h30 op eis Assemblée Générale! 

 

Fir iessen an drenken ass gesuergt! 

Q8-Liberty Tankkaart fir Memberen

Mei bëlleg tanken mam SPAL
19 Juillet 2025

Nieft eisen gewinnten Servicer an eisem Partenariat matt CGFP-Service sinn mir houfreg Iech eisen neien Partner Q8-Liberty ze annoncéieren. 

 

Dir sidd interesséiert fir 4 Cent pro Liter ze spueren? Dann schreift eis ee Mail op Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. an mir loossen Iech déi neideg Informatiounen zoukommen! 

 

Den Reclassement ass unanime gestëmmt gin

Premièresdiplom oder Équivalent
19 Juillet 2025

Den Gesetzesprojet zum Reclassement an der Arméi ass Ufank Juli an der Chambre des Députés matt 59 Jo Stëmmen bei 1 non-vote ugeholl ginn! Eng erfreelech Nooricht fir all Enneroffizéier matt Premièresdiplom! 

131st Generalversammlung vun EUROMIL zu Bréissel

Christian Schleck an den Board vun Euromil gewielt
10 Mai 2025

Eng Délégatioun vum SPAL war um Europadaag zu Bréissel bei der 131st Generalversammlung vun Euromil. Hei ass eise Präsident Christian Schleck als Boardmember fir dei nächst 4 Joer gewielt ginn! 

Domadder ass fir d‘éischte Keier ee Représantant aus Lëtzebuerg am Board vun Euromil. 

Den Daachverband regroupeiert 40 Associatiounen aus 20 verschiddenen Länner. 

Mir freen eis op een enken Échange um europäeschen Niveau! 

Liest dee kompletten Reportage um Site vun Euromil.

Sozialwalen an der Fonction Publique

5 Mars 2025

D‘Resultat vun den Sozialwalen sinn do! 

Eng grouss Bestätegung fir d‘CGFP. MERCI fir ärt Vertrauen!

Liest hei d‘Resultater 

Reclassement um Ordre du Jour vum Staatsrot

20 Février 2025

En Dënschden 25. Februar waert den Avis vum Staatsrot zum Reclassement an der Police an Arméi um Ordre du Jour vun der Plenière stoen!

All weider Infos dann per Newsletter an hei op eisem Site! 

"Raisonabel an Sozial verantwortlech"

Accord Salarial 2025
29 Janvier 2025

Haut de Metteg ass en présentéiert ginn: den Accord Salarial an der Fonction Publique fir d'Joren 2025 an 2026. Nieft enger Punktwerterhéigung vun 2% fir 2025 an 0,5% 2026 ginn an deenen 27 Punkten weider substantiell Verbesserungen fir d'Personal vun der Fonction Publique agefouert. 

Besonnech erfreelech ass den Punkt 14 deen ALLEN Organisations Syndicales eng Conciliatiouns an Mediatiouns prozedur garantéiert! Liest selwer: 

Interessant Diskussioune mat "Déi Greng"

Konstruktiv Entrevue
8 Janvier 2025

Rezent hutt sech eng Delegatioun vum SPAL matt Vertrieder vun "Déi Gréng" getraff fir iwwer aktuell Sujeten ze diskutéieren, Dobäi goung et iwwer den Zaldot, eng méiglech "Wehrpflicht", d'Loi Rico an de Bataillon Bi-national an déi domadden verbonnen Konsequenzen fir eis Memberen.

Fannt hei ënnendrënner de ganze Communiqué

Projet de loi 8450 déposéiert: De Reclassement kennt!

Laangjähreg Fuerderung vum SPFP (SNPGL & SPAL) gett emgesaat! 
25 Octobre 2024

Ennert dem Impuls vum Policeminister Léon Gloden ass den Reclassement bei Police an Arméi ganz séier an Musek emgesaat ginn. All Memberen déi een Premièresdiplom hunn, kréien desen unerkannt.

Elo ass den Projet de Loi an der Prozedur an dir kennt d‘Avancementer vum Dossier um Site vun der Chamber enner desem LINK suivéieren.

Kee Recht op Schlichtung

100komma7 - Jacques Ganser
23 Octobre 2024

 Geféierleche Präzedenzfall fir d'Arméisgewerkschaft

(Jacques Ganser / 100komma7) - Der Arméisgewerkschaft SPAL no, war et eigentlech ëm e Litige bei de sougenannten oppene Karriäre gaangen. Well keen Accord fonnt gouf, koum d’Affär virun d‘Conciliatioun, an hei huet d‘Presidentin d‘Vue vun der Regierung gedeelt: Wann ee kee Streikrecht huet, dann ass och eng Conciliatioun net néideg, sou hir Aschätzung.

„An der Vergaangenheet ass et gaangen“

Fir de Präsident vun der Arméisgewerkschaft SPAL ass dëst eng bedenklech Entwécklung well ganz vill aner Staats-Beamten an der selwechter Situatioun wieren:

WEIDERLIESEN....

LAUSCHTEREN