Entrevue matt der LSAP
Ganz interessanten Austausch mat der gréisster Oppositiounspartei LSAP.
Eng Delegatioun vum SPAL war dëser Deeg bei direkt 4 Deputéiert vun der LSAP fir iwwer d‘Haaptsujete vun eis ze diskutéieren. Den aktuelle Statut vum Zaldot ass esou net zukunftsfäeg an et wär un der Zäit d‘Arméi prett ze maache fir d‘Zukunft. Nieft de budgetären Entwécklunge muss och beim Personal eppes passéieren! Do war een sech ronderëm den Dësch eens D‘Attraktivitéit vum Beruff ass ee vun de wichtegste Facteure fir den Ufuerderunge vun der Arméi gerecht ze ginn!
Mir sinn op oppen Ouere gestouss mat eise Sujeten. Och d‘Egalitéit am Dossier RICO, deen endlech op der ligne Droite schéngt, war ee weidere Sujet. Des Weideren ass iwwer méiglech Erausfuerderungen an eventuell Probleemer fir eis Memberen am Zesummenhang matt den Aarbechtskonditiounen zu Arel diskutéiert ginn.
D’Wichtegkeet an d’Fuerderung vum SPAL vun engem eegene Ministère ass och ugeschwat ginn, mir haten d’Gefill dass d’LSAP sech enger Diskussioun net verschléisst.
Weider Sujete waren de Wehrbeoptraagten, de Service Psychologique an d‘Reservearméi. Och eng Piste fir d’Mobilité Interne ze verbesseren ass ugeschwat ginn, dëst wier een Element fir allgemeng dem Rekrutementsproblem an de Grëff ze kréien.
Mir soe Merci fir dee konstruktiven Austausch!