Entrevue matt den Piraten
De Comité vum SPAL hat haut de Moien eng Entrevue mat de Piraten Lëtzebuerg. Hei war ouni Zweifel ee vun den Haaptsujeten de Statut vum Zaldot. Dobäi ass opgefall, dass an der sensibilité politique vill Verständnis fir eis Fuerderung nom Employées-Statut fir d'Lëtzebuerger Zaldoten an déi domadder verbonnen Attraktivitéit a Stabilitéit war. Nieft dësem Haaptsujet sinn awer weider Themen diskutéiert ginn:
• een eegestännegen Defenseministere, dëst wär gerechtfäerdegt bedéngt duerch de grousse Budget an déi ëmmer méi grouss Envergure!
• beim Wehrbeoptraagten gëtt et Verständnis fir d’Noutwendegkeet! Dëst och am Interêt vun de Parlamentarier. Heibäi spillt déi politesch a militäresch Neutralitéit eng grouss Roll.
• och iwwer d'Manpower am Zesummenhang mam Binationale Batailloun ass geschwat ginn.