Den SPAL op Besuch bei der CSV
Eng Delegatioun vum SPAL war bei der gréisster Regierungspartei, der CSV, op Visite.
An enger konstruktiver Ambiance konnte mir d’Doleancë vun eise Memberen zum Ausdrock bréngen an eis iwwer verschidde wichteg Themen austauschen!
Haaptsujet ass aktuell de Statut vum Zaldot, deen eiser Meenung no dringend muss STATUTARESCH moderniséiert ginn!
Des Weidere gouf et een interessanten Echange de vue a puncto RICO-Gesetz, an hei war een sech ronderëm den Dësch eens: Dëst Gesetz ass fir de Militär vun immenser Wichtegkeet a soll sou séier wei méiglech kommen! Natierlech hu mir betount, dass mir weiderhi géint déi 2. Klassegesellschaft sinn, déi iwwer dëst Gesetz geschaaft gëtt.
Weider Sujete waren d‘Reservearméi, déi domadder zesummenhängend Contrainten an awer och d‘plus-value vun esou enger Unitéit, wei och d‘Necessitéit vun engem „Wehrbeoptragten“, dee fir all Parlamentarier eng Ulafstell kéint si fir d‘Verstoe vun där komplexer Matière, an awer och fir d‘Militär een onofhängegt Organ wat zur struktureller Verbesserung géif bäidroen! Noutwendegkeet fir en eegestännege Ministère hu mir och duergeluecht, an hoffen dass dat an engem nächste Koalitiounsaccord sech rëm fënnt.
Mir soe Merci fir d‘Nolauschteren!