D'Demokratesch Partei an den SPAL hu sech ausgetosch
Viru kuerzem hat eng Delegatioun vum SPAL enger Entrevue bei der DP - Demokratesch Partei.
An enger konstruktiver a sympathescher Ambiance konnte mir d’Doleancë vun eise Memberen zum Ausdrock bréngen an eis iwwer verschidde wichteg Themen austauschen!
Eisen Haaptsujet ass aktuell de Statut vum Zaldot, bei deem mir och op Verständnis an oppen Ouere gestouss sinn, wat ons Fuerderung no engem moderne Statut ugeet!
Mir hunn och betount, och wann et net am Koalitiounsaccord steet, grad an deenen haitegen Zäite muss e Paradigmewiessel an d’Aa gefaasst gi fir de Geopoliteschen Erausfuerderunge vun haut a muer gerecht ze ginn.
De SPAL huet och kloer zum Ausdrock bruecht, dass just d’Hiewe vum Solde, ob de Mindestloun, eng kuerzfristeg Optioun ass, a mir eis domadder net wäerten zefridde ginn.
Weider Sujete waren d‘Reservearméi, déi domadder zesummenhängend Contrainten an awer och d‘plus-value vun esou enger Unitéit, wei och d‘Necessitéit vun engem „Commissaire à la Défense“, dee rattachéiert wier un d’Parlament, an esou all Parlamentarier eng Ulafstell kéint si fir d‘Verstoe vun der komplexer Matière, an awer och fir d‘Militär een onofhängegt Organ, wat zur struktureller Verbesserung géif bäidroen!
D'Noutwendegkeet fir en eegestännege Ministère hu mir och duergeluecht, an hoffen dass dat an engem nächste Koalitiounsaccord sech erëm fënnt.
Mir soe Merci fir dee sympatheschen Entretien!