DOSSIER PRESSE
 
Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken
Source / 9 octobre 2019
 
vun 
 

© MOIEN.lu
 

Aus anonymmen interne Kreesser krute mir Informatiounen zur dramatescher Situatioun an der Lëtzebuerger Arméi zougeschéckt. D’Persoun, déi sech just als „En Zaldot“ ausginn an spéider den Account geläscht huet, geet dobäi op d’Onzefriddenheet, virun allem bei den Offizéier an dem Zivilpersonal an, déi hir Demandë schonn agereecht hunn, fir d’Arméi ze verloossen.

E Freideg wäert den 58 järegen Henri Kox, deen eréischt viru kuerzem mat 97,4% vun de Stëmmen zum neie Wunnengsbauminister nominéiert ginn ass, als delegéierte Verdeedegungsminister vun der Arméi an der Police dem François Bausch zur Säit stoen. De Minister Bausch plangt nämlech d’Roll vum Vizepremier anzehuelen. Den anonymmen „Zaldot“ gëtt un, datt an der Lëtzebuerger Arméi d’Lompe sténken, an et soumat net verwonnerlech wier, datt de François Bausch dëse Wee geet.

Sollt hien d’Tâche vum Vizepremier kréien, esou ass hien allerdéngs gezwongen, säi Mandat als Verdeedegungsminister ofzeginn an am viraus schonn eng Persoun un d’Aufgaben erunzeféieren. Einfach aus dem Stëbs mécht hie sech also net.

Dës weidere gëtt den Zaldot un, datt d’Situatioun sech zouspëtzt, a virun allem 40 bis 45 järeg Offizéier, sou wéi d’Zivilpersonal Demanden agereecht huet, fir d’Arméi ze verloossen, respektiv dësen Austrëtt scho laang gemaach ass. An engem nächste Schrëtt kritt d’Féierungsquartett eng Baff. Genannt ginn zwar just d’Ufanksbuchstawen D, G, K an A, woubäi et sech just ëm de Generol Alain Duschène, de Colonel Patrick Grisius, de Colonel Yves Kalmes an de militäresche Lëtzebuerger Representant bei der NATO Marc Assel handele kann.

Den D, also de Generol Alain Duschène, hätt eigentlech d’Alter vun der Pensioun erreecht, mee de Minister hätt no enger Verlängerung gefrot. De Colonel Patrick Grisius gëtt als inkompetenten an vu sech onwahrscheinlech iwwerzeegte Mann beschriwwen, dee sech an de Reuniounen opféiert, wéi wann hien den Här vun der Welt wier. Hie wier och ee vun de Grënn, wisou d’Membere fortlafen.

Zur gläicher Zäit géif de Colonel Yves Kalmes sech mat de wichtege Problemer vun der Lëtzebuerger Arméi beschäftegen. Schliisslech misst jo och een oppassen, wou beispillsweis d’Leit an der Kasär parken. Zu gudder Lescht gëtt den Marc Assel als Kompetentsten duergestallt. Als Soziopath géif hien awer iwwer Läiche goen, fir zu sengem Zil ze kommen. Gi seng Uspréch net erfëllt, „gëtt e choleresch“.

„Den Henri Kox huet do also ee ganz schéine Koup Kaka geierft a wäert et net einfach kréien, fir do eng gewëss Rou an d’Spill ze kréien“, schreift den Zaldot. Och säi Coordinateur Général, de fréieren Direkter vum CTIE, wäert keng grouss Hëllef sinn. Dëse schwiert a senger Welt, an der hien de Beschten ass a wou d’Problemer vun der Arméi net duerchkommen.

D’Informatioune vum anonymme Verfaasser sinn novollzéibar. Mir iwwerloossen eise Lieser, d’Glafwierdegkeet vun den Aussoen ze beuerteelen.

 
  ... retour à la liste des dossiers de presse
© 2017 spal.lu