DOSSIER PRESSE
 
Nächst Joer kritt Lëtzebuerg säi Militärfliger
Source / 8 février 2019
 
D'nächst Joer wäert Lëtzebuerg säi Militärfliger A400M kréien, deen eis Arméi gemeinsam mat der Belsch bedreift.
 
Vun RTL
 

© Steve Müller (Archiv)
 
FOTOGALERIE: Andréck vun enger Air Show
 

Dat schreift de Verdeedegungsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm.

Virun 3 Wochen huet d'Regierung fir d'Acquisitioun ronn 156 Milliounen Euro transferéiert. Et bleiwen nach eppes iwwer 12,5 Milliounen ze iwwerweisen.

D'TVA an Héicht vu knapp 29 Millioune geet un de Lëtzebuerger Staat.

Derbäi komme knapp 6,3 Milliounen Euro fir d'Formatioun vu 4 Piloten. Mëttelfristeg sollen et 6 Pilote ginn.

Maintenance- Exploitatiounsfraise bleiwe wéi geplangt héchstwahrscheinlech bei 420 Milliounen Euro fir eng Liewensdauer vu ronn 35 Joer.

 

Dem François Bausch seng Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Diane Adehm

 
  ... retour à la liste des dossiers de presse
© 2017 spal.lu