DOSSIER PRESSE
 
Éischten offiziellen Optrëtt vum Arméiminister François Bausch
Source / 20 décembre 2018
 
Um Donneschdeg hat de François Bausch säin éischten offiziellen Optrëtt als Minister vun der Defense
 
Vun RTL
 

© RTL Télé Letzebuerg
 
Op der traditioneller Chrëscht-Zeremonie vun der Arméi am Festsall um Härebierg huet de François Bausch sech eng éischte Kéier un de Generol, d'Offizéier, d'Ënneroffizéier an all déi aner Ekippe vun der Arméi geriicht. De frëschgebaakenen Defenseminister huet hinne versprach, dës Funktioun genee esou Eescht ze huelen, ewéi säin Amt als Infrastrukturminister
 
AUDIO Reportage :
Den Defenseminister François Bausch um Härebierg
 

D'Arméi wär wichteg fir d'Verdeedegung vum Land, well de Fridden op der Welt ebe leider net Realitéit wär, esou de François Bausch. Dat neit Militär-Gesetz, d'Gestioun vun zwee neien Helikopteren an d'Renovatiounsaarbechte vum Depot um Waldhaff, dem Schéissstand an dem Härebierg, huet de Verdeedegungsminister als grouss Projete fir déi nächst fënnef Joer genannt. An hei war erauszehéieren, wou de François Bausch e grénge Stempel wëll opdrécken.

 
AUDIO Reportage :
Optrëtt vum François Bausch um Härebierg
Rep. Pierre Jans
 
Den neie Verdeedegungsminister wéilt virop awer och déi grouss Problemer fir Leit an d'Arméi ze rekrutéieren an de Grëff ze kréien. Den Image vun der Lëtzebuerger Arméi an der Ëffentlechkeet soll duerch nei Projete weider opgewäert ginn, a fir d'Zaldote soll et verstäerkt d'Méiglechkeet ginn, Experienz bei international koordinéierten Asätz am Ausland ze sammelen, esou e François Bausch nach.

Grouss Projete fir Zukunft wären en neit Militärgesetz, déi zwee nei Helikopteren, den Depot um Waldhaff an nach de Schéissstand. Virop misst awer gekuckt ginn, d’Problemer fir Leit ze rekrutéieren an de Grëff ze kréien. E grénge Stempel wëll de François Bausch der Arméi awer och opdrécken: den Härebierg soll an den nächste Joren energie-autonom ginn
 

© RTL Télé Letzebuerg
 

© EMA
 

© EMA
 

© EMA
 
  ... retour à la liste des dossiers de presse
© 2017 spal.lu