DOSSIER PRESSE
 
Kritik vun CGFP: Staat spuert op Käschte vu Spuerkeesspersonal
Source / 11 décembre 2018
 
D'Staatsbeamtegewerkschaft huet sech e Méindeg den Owend op der Conférence des comités gesinn, fir iwwert verschidde Problemer ze diskutéieren.
 
Vum Claude Zeimetz (Radio)
 

© RTL.lu
 
"Déi Regierung an dee Minister, déi sech engagéieren, eng Politik ze maachen am Interêt vum Land, awer och am Sënn an am Intressi vun der Fonction publique, am Sënn vun alle Leit, déi bei Staat a Gemenge schaffen, déi - awer och nëmmen déi - kënne sécher sinn, d'CGFP, grad wéi an der Vergaangenheet, och an Zukunft un hirer Säit ze hunn, als zouverlässegen a verantwortungsbewosste Sozialpartner."

 

AUDIO Reportage - Dany Rasqué:
CGFP Conférence des comités
 
Dee Message huet de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Steve Heiliger, op der 52. Conférence des comités un d'Politik adresséiert. 

Och wann d'CGFP vill Positives aus de leschte Méint zeréckbehält, ginn et eng Rei Dossieren, mat deenen een net zefridden ass. 
Den Nationalpresident vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Romain Wolff, huet do zum Beispill d'Spuerkeess an d'Post genannt. 

Bei der Spuerkeess gëtt jo kritiséiert, datt d'Mataarbechter vun der Staatsbank net géifen an de Genoss kommen, vun deem, wat am Gehälteraccord ofgemeet ginn ass.

Obwuel d'Spuerkeess seet, datt si sech an de Verhandlungen enorm beweegt hätten, seet de Romain Wolff, datt hien an de Reuniounen dobäi war an dëst net de Fall wier. "Si sollen ophalen mat esou Fake-News, dat ass net gutt fir eng Regierung an och net gutt fir eng Direktioun".
 
VIDEO Reportage :
Extrait Romain Wolff (10.12.2018)

Déi traditionell Reunioun vu der Staatsbeamtegewerkschaft befaasst sech natierlech mam Koalitiounsaccord, mä net nëmmen.

Am Konflikt bei der Spuerkeess léisst d'CGFP net lacker, do geet et jo drëms, dass d'Mataarbechter vun der Staatsbank net an de Genoss géinge kommen vun deem, wat beim Gehälteraccord ofgemaach ginn ass. De Staat géif um Bockel vum Spuerkeesspersonal spueren, gëtt kritiséiert. An et ass een net frou iwwert d'Reaktioun op d'Protestmaniff vun der Direktioun, seet de Romain Wolff.

 
Bei der Post, ass et der CGFP en Dar am Aen, datt d'Bréifdréier Iwwerstonne musse maachen an d'Clienten hire Courrier op verschiddenen Deeg einfach guer net kréien, well ganz Tourneeë géife leiebleiwen.

Den Haaptaktionär bei der Post, dat ass de Staat, soll endlech dofir suergen, datt dës onzefriddestellend Situatioun zum Wuel vun de Bréifdréier - a mat Sécherheet och am Intressi vun de Bierger- verbessert gëtt, esou de Romain Wolff. 

Da goung et awer och ëm d'Situatioun beim Radio 100,7, ëm déi allgemeng Erwaardungen un déi nei Regierung, ëm de Renten a Pensiounssystem, wou d'CGFP keen Handlungsbedarf gesäit an ëm de Bewäertungssystem beim Staat. Dee soll, wann et der Gewerkschaft no geet- an der ganzer Fonction publique verschwannen.
 
  ... retour à la liste des dossiers de presse
© 2017 spal.lu