Eng international Course exklusiv reservéiert fir Zaldoten, Polizisten a Pompjeeën an déi sinn en Donneschdeg ronderëm de Stauséi un hir Limitte gaangen
Am Fréijoer an 2 Joer soll dësen, no laange Retarde jo geliwwert ginn, dee Lëtzebuerg, zesumme mat der Belsch wäert exploitéieren
AUDIO Reportage :
Extrait Etienne Schneider iwwert de Gesetzprojet
Beim Gesetzprojet ass et drëms gaangen, fir de Finanzement vun der Maintenance ze garantéieren. De Grand-Duché wäert een Aachtel iwwerhuelen. 11 bis 12 Milliounen Euro sinn dat pro Joer. Bei enger Lafzäit vu 35 Joer vum Fliger, sinn et deemno ronn 420 Milliounen Euro, déi dat de Lëtzebuerger Defense-Budget wäert kaschten.
Nodeems am Joer 2005 d'Chamber d'Gesetz gestëmmt hat, dass de Fliger soll kaf ginn, wier de Projet vun haut an der Kontinuitéit ze gesinn, huet et vun de Majoritéitsparteien an och vun der CSV geheescht. D'ADR huet sech enthalen, well sech nach vill ze vill Froe géife stellen.
VIDEO Reportage :
De Finanzement vum Militärfliger A400M (10.07.2018)
420 Milliounen Euro soll de Fliger kaschten, deen jo relativ dacks an der Kritik steet
Déi Lénk waren dogéint, well de Projet weider just der europäescher Rüstungsindustrie dénge géif. Een Dag virun engem Nato-Sommet kéint ee sech elo awer op Bréissel bretze goen, sou den Déi-Lénk-Deputéierte Marc Baum.
An och den zoustännege Minister Etienne Schneider huet sech en Dënschdeg net wierklech begeeschtert iwwert dat Gesetz gewisen, dat awer elo onëmgänglech wier .
AUDIO Reportage :
Extrait Etienne Schneider iwwert de Gesetzprojet
Sämtlech Depensen am Beräich vun der Defense an de leschte 5 Joer wieren nämlech am Sënn geholl ginn, dass Lëtzebuerg och reell eppes dovunner huet, Stéchwuert "GovSat", Renovatioun vum Findel, oder och d'Iddi vun engem neie Militärspidol