Dat soll sech awer änneren: wéi den Infrastrukturminister François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser äntwert, gi ganz geschwënn d'Parkplaz grad wéi en Deel vun der Strooss op den Härebierg als militäreschen Terrain ugesinn.
Domat wier och d'Sécherheet vun der Kasär am Kader vum Vigilnat garantéiert an et wieren an Zukunft Gardienen, déi de Parking kontrolléieren an domat fir d'Sécherheet vum Accès zoustänneg sinn. An Zukunft suergt dann och d'Arméi fir den Entretien vun deem Terrain.
|