| Wéi de Verdeedegungsminister Etienne Schneider dem ADR Deputéierte Fernand Kartheiser op eng parlamentaresch Fro hin confirméiert, wier d'Arméi am Gaang d'Faisabilitéit z'analyséieren, fir e klengt Detachement vu Lëtzebuerger Arméispezialisten am Kader vun enger NATO-Missioun an den Irak ze schécken.
D'Missioun wier awer nach am Gaang geplangt ze ginn - eng definitiv Decisioun fir an den Irak ze goen, géif geschwë falen, an der zoustänneger Chamberkommissioun matgedeelt ginn.
Et géif sech dann ëm Experten an der Satellittekommunikatioun dréinen, déi an enger limitéierter Rotatioun vun 2x3 Méint zu Bagdad stationéiert wieren. Dës Leit wieren zoustänneg fir d'Installatioun an den Entretien vun de Satellitten-Kapassitéiten, déi Lëtzebuerg der NATO zur Dispositioun stellt (NATO Training Capacity Building Mission in Iraq - NTCBM-I).
Natierlech stellt sech d'Fro nom Risk fir d'Arméi, mä wéi de Minister Schneider betount, wier dee Risk fir den Detachement limitéiert, well d'Leit kasernéiert wieren an domat d'Deplacementer op e Minimum reduzéiert wieren.
Den Ament ass d'Lëtzebuerger Arméi nach an zwou NATO-Missiounen engagéiert: am Afghanistan a vun August un a Litauen |