Do wou Russland sech mat der Ukrain militäresch Gefechter liwwert, sinn déi baltesch Länner an och Polen net ganz wäit ewech, si si beonrouegt. Et geet drëm, fir dës Länner am Kader vun der NATO duerch d’Missioun „Enhanced Forward Presence“ ze rassuréieren an ebe Präsenz ze weisen. D’Lëtzebuerger Zaldote sinn do zesumme mat deenen Däitsche stationéiert, déi do de Lead hunn, erkläert den LSAP-Deputéierte Marc Angel.
Well ee weess, datt dee Konflikt tëscht Russland an der Ukrain nach net geléist ass, huet een déi Missioun och verlängert. Dat heescht elo net, datt ee mat Russland keen Dialog wëll hunn, well dat ass wichteg, mä et wëll een de Partner, de baltesche Länner, bäistoen.
D’Lëtzebuerger Arméi ass mat hire Gefierer vum Tipp Dingo op der Plaz, déi sech speziell fir d’Opklärung eegenen. Lëtzebuerg dréit a Litauen mat der NATO zur Ofschreckung bäi, esou den CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf. Doduerch erhofft ee sech, datt an der Regioun Rou bleift.
Et ass eng passiv Präsenz ënner däitscher Féierung, déi um Terrain weise soll: "Mir sinn do". Well et keng Offensiv ass, mä effektiv just d'Präsenz gewise gëtt, gesäit de Jean-Marie Halsdorf keng Gefor doranner, datt Lëtzebuerger Zaldoten a militäresch Gefechter verwéckelt ginn.
D’NATO Battlegroup Lithunia besteet nieft Lëtzebuerg nach aus der Belsch, Däitschland, Frankräich, Kroatien, Holland a Norwegen, d’Truppen ginn am Rotatiounsprinzip agesat |