DOSSIER PRESSE
 
"Weise gëllt elo“ - CGFP fuerdert Kloerheet vu Politik
Source / 28 novembre 2017
 
"Et wär net ganz schlau, wa Parteie sech net lo géife positionéieren", esou de Credo vun de Staatsbeamten um Méindeg. Minister Kersch reagéiert nuancéiert.
 

© rtl.lu
 
"Weise gëllt elo", dat ass déi ganz däitlech Fuerderung un all d'politesch Parteie vun der CGFP e Méindeg den Owend op hirer Maniff zu Dummeldeng. 1 Joer virun de Chamberwahle mécht d'Staatsbeamtegewerkschaft mat all hiren Ënnergruppéierungen an hirem Kooperatiounspartner FGFC, der Gewerkschaft vum Gemengepersonal, Drock op d'Politik. D'Parteie missten elo, virun de Chamberwahle, Faarf bekennen a Positioun huelen zu hire Fuerderungen - dat heescht konkret, ob se gewëllt sinn, d'Mëssstänn am ëffentlechen Déngscht aus der Welt ze schafen oder net.
 
AUDIO Reportage :
Protest vun der CGFP: Rep. Annick Goerens
 
Fotogalerie
 
Parteie solle sech bekennen zu Fuerderungen
 
Den Drock war bei engem bis op de leschte Sëtz an doriwwer eraus gefëllte Konferenzraum am Parc-Hotel Alvisse ze spieren. Eng 750 Leit hunn applaudéiert, wéi de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger an de President Romain Wolff eng Fuerderung no der nächster an de Raum gejaut hunn.
 
VIDEO Reportage :
Staatsbeamte fuerdere Kloerheet, Minister Kersch reagéiert (27.11.2017)
E Méindeg huet d'CGFP hire Fuerderungskatalog presentéiert an erwaart elo, datt all d'Parteien, an net just d'Regierung, sech positionéiert.
 
Am Studio vun RTL Télé Lëtzebuerg huet de Minister vun der Fonction publique op d'Protestmanifestatioun an d'Doleancë reagéiert.
 
  ... retour à la liste des dossiers de presse
© 2017 spal.lu