Wéi et heescht géif den Ament driwwer nogeduecht ginn, fir d'aktuell Arméi-Uniformen unzepassen. Dës Decisioun wier awer nach net geholl a géif a Concertatioun mam Grand-Duc an der Arméi geschéien. Zil wier et dem Minister Schneider no, fir d'Uniform opzefrëschen a se duerch e bessert Material och méi agreabel ze maachen, sou dass se sech besser dréit.
Wéini d'Zaldoten an d'Kadere sollen eng nei Uniform kréien, gëtt net preziséiert. Bäibehale gi sollen de Wopen, de Rimm, de Beret, d'Arméiofzeeche grad wéi och d'britesch Traditioun vum "service dress", sou den Etienne Schneider nach a senger Äntwert. |