Alles an allem zielt d'Personalvertriedung vun Zaldoten a Polizisten eng 3.000 Memberen.
Op d'Tapéit koumen natierlech d'Doléancen, déi een un den neie Gesetzer vun Arméi a Police huet, mat do och Kritiken un den disziplinaresche Mesuren, déi sollen ënner anerem dem Policegeneraldirekter méi Pouvoire ginn.
Suerge mécht de Leit aus der Gewerkschaft vun der Force Publique, datt et Problemer weiderhin beim Recrutement ginn. De President vum SPFP Pascal Riquier sot, datt d'Leit net méi an d'Arméi ginn, fir an d'Arméi ze goen. Dat misst nees méi attraktiv gemaach ginn. D'Arméi misst nees méi Leit kréien. Do hätten all Verwaltungen eppes dovunner. |