D'Lëtzebuerger Arméi soll méi modern a méi effizient ginn. Dofir gouf e geneeë Laangzäitplang opgestallt. Dee konkret ëmzesetzen ass d'Haapterausfuerderung vum neie Chef d'État Major.
De Generol Alain Duschène war onsen Invité vun der Redaktioun an huet erkläert, datt een zum Beispill seng Kapazitéiten am Beräich Opklärung weider wëell ausbauen, dowéinst goufe weider Dronen kaaft. E weideren Haaptchantier ass de Rekrutement. D'Instruction de Base gouf awer schonn an deem Kontext ugepasst, notamment wat dat physescht ugeet an d'Kommunikatioun no bausse gëtt nach verbessert, sou nach de neien Chef d'État Major Alain Duschène.
|