DOSSIER PRESSE
 
Fligerbomm a Bësch "Béigerhaard" gouf gesprengt
Source / 16 août 2017
 
Eng 250kg Fligerbomm gouf am Bësch tëscht Bruechtebaach, Béigen a Selschent gesprengt.
 

© rtl.lu
 
Et war een aussergewéinlechen Asaz e Mëttwoch an der Mëttesstonn fir de "Service Deminage" vun der Arméi. 
Am Bësch Béigerhaard, tëschent Bruechtebaach a Selschent, gouf eng däitsch Fligerbomm vun 250 Kilo gesprengt. 
 
VIDEO Reportage :
Fligerbomm: kéng alldeeglech Missioun fir d'Arméi. (16.08.2017)
72 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich ginn et nach iwwer 250 Asätz d'Joer, fir de Service Déminage vun der Arméi. Deen Haut bei Bruechtebaach war awer speziell.
 
De Service Deminage war mat 5 vu sengen 8 Leit op der Plaz, well et bësse méi eng quokeleg Situatioun war. Normalerweis ginn esou Asätz vun zwou Persoune gemeet. 

E Privatmann, deen no Objeten aus dem zweete Weltkrich sicht, hat d'Bomm mat der Hëllef vun engem Metalldetekter fonnt.
De Service Deminage huet nach eng 250 Asätz d'Joer, bei deene Bommen aus dem zweete Weltkrich entschäerft ginn oder kontrolléiert gesprengt ginn. 

Datt d'Demineuren et awer mat esou décke Bommen ze dinn hunn, ass ganz seelen. 
 
VIDEO Reportage :
Detonatioun vun der Fligerbomm (16.08.2017)
Film vum Paul Schaul
 

© EMA
 
D'Awunner vun den Dierfer ronderëm (Bruechtebaach, Knapphouschent, Selschent, Wäicherdang, Béigen, Wëntger) goufe gebieden, sech um Mëttwoch Mëtteg net an deem Bësch opzehalen. E Sécherheetsperimeter gouf ageriicht.
 

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Destruction contrôlée d’une bombe d’avion par le SEDAL à Wincrange (16.08.2017)

Communiqué par: état-major de l’armée

En date du 16 août 2017, le Service de déminage de l'armée luxembourgeoise (SEDAL) a procédé à la destruction contrôlée d’une bombe d’avion de 250 kilogrammes à Wincrange. La bombe datait de la Seconde Guerre mondiale et se situait dans la forêt «Béigerhaardt».

Le détonateur de la bombe n’a pas pu être démonté. Par conséquent, la destruction a dû être exécutée sur place. Un périmètre de sécurité a été établi par la police grand-ducale

 
  ... retour à la liste des dossiers de presse
© 2017 spal.lu