DOSSIER PRESSE
 
Eng Woch an der Arméi: Disziplin
Source / 17 août 2017

© rtl.lu
 
36 Rekrutten a Rekruttinnen hu mer fir eis Summerserie bei hirem Ofschlossexame vun der Instruction de Base begleet. 40 Kilometer ze Fouss a 7 praktesch Prüfunge mussen dofir absolvéiert ginn. De Ben Frin war fir eis dobäi, an opgefall ass him den disziplinéierten Toun mat dem sech ugeschwat gëtt.  
Esou wéi fréier ass et haut net méi an der Arméi, héiert ee vun den Ausbilder, d'Rekrutte schläifen, schlecht mat hinnen ëmgoen, se vernennen, dat geet alles scho laang net méi. Anerwäerts hätt ee gäre mol séier d'Eltere vum Rekrutt am Genéck, oder souguer deenen hiren Affekot. An awer, den Toun tëscht Virgesaten a Rekrutten ass bestëmmt awer korrekt. Dem Rekrutt seng Äntwert huet ëmmer mam Déngschtgrad vum Virgesaten op ze halen
 

© rtl.lu
 
Fir déi Jonk ass di streng Disziplinnen am Ufank eng Ëmstellung un déi een sech awer séier gewinnt. Deen een oder anere braucht heiansdo méi laang, den André L weess wat een dann ze erwaarden huet, et kritt een eng Strof, zum Beispill Zäit vum Weekend ofgezunn
 

© rtl.lu
 
Net ee Chef mee gläich e puer Dosen, kloer well all méi héijen Déngschtgrad ass och e Virgesaten. Dat, d'Disziplin, d'Konsequenzen, dat hëlleft fir d'spéidert Liewen.

D'Rekrutten dierfe vun de Kadere geduuzt ginn, ënner sech schwätzen d'Offizéier an d'Ënneroffizéier sech nëmmen da mam Virnumm un, wa kee Rekrutt an der Géigend ass, soss ass et och fir si selwer den Här Leutnant, oder d'Madamm Sergeant. Muer, am véierten Deel vun eiser Serie iwwert d'Grondausbildung bei der Arméi schwätze mer iwwert di verschidden Atelieren, déi de prakteschen Deel vum Exame sinn, et steet ënner anerem Schéissen, Gasalarm a suspekt Persounen neutraliséieren um Programm
 

© rtl.lu
 
 
  ... retour à la liste des dossiers de presse
© 2017 spal.lu