DOSSIER PRESSE
 
EngEng Woch an der Arméi: Fraen an der Arméi
Source / 16 août 2017

© rtl.lu
 
36 Rekrutten hu mer fir eis Serie  iwwert d'Grondausbildung bei der Arméi an hirem Ofschlossexame begleet. An 2 Deeg musse bal 40 Kilometer ze Fouss a 7 praktesch Ateliere bewältegt ginn. Och Rekruttinnen si mat ënnerwee, wat d'Zaldot sinn fir d'Frae bedeit, huet de Ben Frin nogefrot
 
AUDIO Reportage :
15/08/2017 BAND Arméi 2 07h30 B.Frin
 
Eppes méi wéi 7% vum ganze militäresche Personal hei am Land si Fraen, si kommen an en, historesch betruecht, klassesche Männerberuff eran. Och ënnert de jonke Rekrutten déi iwwer 2 Deeg ënnerwee sinn fir den Ofschlossexame vun hirer Grondausbildung ze absolvéieren si Fraen, naja, Meedercher wuel éischter. Wann een net genau kuckt kann ee si vun de Jongen, oder jonke Männer kaum ënnerscheeden, an hire camoufléiert Kleeder an ënnert der däischter grénger a schwaarzer Faarf mat der si hir Gesiichter tarnen
 

© rtl.lu
 

© rtl.lu
 
D'Rekruttinen schéisse mat Stuermgewierer ginn hire Männleche Komeroden Deckung ganz selbstverständlech wierkt alles. D'Rekruttin Melissa D. huet sech séier un esou Situatioune gewinnt, et géif een zwar an e Männerberuff kommen, herno géif do awer keen Ënnerscheed méi gemaacht ginn. Wat sinn oder waren dann dem Melissa seng gréissten Erausfuerderungen an am Männerjob? D'Melissa D. seet dass een dacks géif ënnerschat gi wëll d'Frae méi kleng an e bësse mi schwaach wieren. Wann een da beweist dass dat awer net de Fall ass, gëtt ee séier acceptéiert. D'Fraen hätte jo awer och eng Rei Virdeeler. Dat ergänzt sech jo da perfekt, wat d'Melissa besser ka wéi d'Männer, ass virun allem d'Organisatioun. Dacks hëllefen d'Männer de meeschtens kierperlech ënnerleeëne Frae bei hiren Aufgaben, dat klappt awer natierlech och ëmgekéiert. Wéi huet d'Melissa dann di 4 Méint IB empfonnt, war et ustrengend? Jo natierlech seet et, ustrengend awer flott. Genau esou wéi hat sech dat virgestallt hat. Mat Momenter hätt hat wëllen opginn, dat géif awer näischt bréngen. D'IB wier op alle Fall derwäert gewiescht
 

© rtl.lu
 
A muer geet et weider an eiser Serie iwwert d'Grondausbildung bei der Lëtzebuerger Arméi, do froe mer no wéi et mat der militärescher Disziplin ass, a wéi d'Rekrutten domat ëmginn. 

 
  ... retour à la liste des dossiers de presse
© 2017 spal.lu