Vun haut un huele mer Iech dann eng Woch mat op de Bierg. 4 Méint dauert d'Grondausbildung bei der Lëtzebuerger Arméi, den Ofschloss dovunner ass déi sougenannte Synthees, e Prakteschen an Theoreteschen Ofschlossexamen. Bal 40 Kilometer mussen déi 36 jonk Rekrutten dofir an zwee Deeg zeréckleeën, um Wee ëmmer nees Atelieren absolvéieren. De Ben Frin war fir eis dobäi.
AUDIO Reportage :
14/08/2017 BAND Arméi 1 07h30 B.Frin
Et ass en Dag um dem ee mol säin Hond net géif virun d'Dir joen, den Himmel ass däischter gro, ouni Konturen, et reent Ficellen. Eng gutt 30 jonk Rekrutte sinn trotzdeem de Moie fréi a Gruppe vun ëmmer 4 Leit op den 20 Kilometer laange Wee gaangen, fir ze kloen ass keng Zäit, déi leeft nämlech mat, d'Zäit gëtt gestoppt.
Ënnerwee musse praktesch Prüfunge bestane ginn, an der éischter mussen d'Rekrutte weise wéi sech ënner Feindfeier behuelen, sech zeréckzéien, sech dobäi géigesäiteg Deckung ginn. Geschoss gëtt haut natierlech nëmme mat Platzpatrounen, an awer wann ech mer virstellen dass villäicht ënnert reale Konditiounen op déi jonk Mënsche géif geschoss ginn, a si dobäi blesséiert ginn oder schlëmmer - gi mer d'Schudderen aus
Grad dowéinst ass d'Instruction de Base kuerz IB wichteg fir d'Zaldoten hei ginn hinnen d'Grondlage vum Zaldot sinn vermëttelt, de Leutnant Dries N. erkläert dass et besonnescht op d'Teamfäegkeet ukënnt an drop wéi een a Stresssituatioune reagéiert.
Net all Zaldot an net all Rekrutt ass d'nämmlecht staark, den ee leet sech besser u wéi den aneren. D'IB packe wëllen se natierlech awer all, ëmmerhin hänkt d'Zukunft vun de jonke Leit dovunner of. D'IB ass esou opgebaut dass all Rekrutt deen et bis zum Schluss packt, och den Exame packt. Et gëtt awer och eng Réi Wackelkandidaten
No 20 Kilometer Marsch mam Gewiicht vu Rucksak a Gewier kommen d'Rekrutten an hirem Camp un, an dem se och schlofen. Muer, geet et iwwer, nach eng Kéier 20 Kilometer ze Fouss zeréck an d'Kasär. Ënnerwee waarden nach eng Kéier 4 praktesch Atelieren déi wëlle gepackt ginn, méi dozou am zweeten Deel vun eiser Serie, muer