Bis 2025: méi Budget, Modernisatioun, Entwéckele vun der Verdeedegung aus der Loft, eng nei Recrutementsstrategie an en nationale Fräiwëllegeservice.
Den Ament läit de Budget fir d'Verdeedegung bei 291 Milliounen Euro, bis 2020 soll den also op 412 Milliounen Euro eropgoen. "Et ass en ambitiéisen an noutwennege Programm!" Dat sot d'Staatssekretärin am Verdeedegungsministère, Francine Closener e Mëttwoch Moien a Präsenz vun der Spëtzt vum Militär.
AUDIO Reportage / Eric Ewald :
Riichtlinnen Arméi 2025 an dono
Nei Richtlinne fir d'Arméi bis 2025
Déi Richtlinne gesinn, nieft engem Wuesstem beim Verdeedegungseffort, och eng Modernisatioun vun der Arméi vir an eng eege Recrutementsstrategie. Nei Arméisrekrute solle méi berufflech Méiglechkeete kréien. D'Francine Closener ass bei där Presentatioun och op déi méi héich Erwaardunge vun den NATO-Partner u Lëtzebuerg agaangen. De Grand-Duché wär beim Verdeedegungseffort dee Leschten an der Nordatlantescher Allianz, géif awer an Zukunft ebe méi investéieren.
AUDIO Reportage :
Extrait F. Closener
Helikopterprogramm mat der Belsch
Mat eisen Noperen zesumme gëtt un engem Helikopterprogramm geschafft vun 100 Milliounen Euro geschafft. Doran ass virgesinn 3 Maschinnen ze kafen, zwou dovu géingen op de Findel kommen. D'Staatssekretärin huet och vun engem medezinesche Krisenzenter geschwat, woumat d'Militärspidol vum Dësch wär.
Den Arméigenerol Romain Mancinelli huet sech iwwert dës Planungssécherheet fir d'Arméi gefreet, awer och betount, dass ee muss realistesch bleiwen.
AUDIO Reportage :
Extrait Romain Mancinelli
De Moment sinn iwwregens eng 1.000 Leit an der Arméi.