Wéi eng Roll spillt déi Lëtzebuerger Arméi an enger méi onsécherer Welt? Wat changéiert bei den Aufgaben, den Asätz a beim Material? A wéi ginn nei Zaldote rekrutéiert, 50 Joer nom Enn vum obligatoresche Militärdéngscht?
Doriwwer diskutéiert de Serge Kesseler mat den Invitéen: Patrick Heck, Direkter vun der Defense, Jean-Marie Halsdorf, CSV-Deputéierten a fréiere Verdeedegungsminister a Christian Schleck, President vum "Syndicat professionnel de l'armée luxembourgeoise". |