| Ee Punkt an deem Rapport sinn d'Kasären um Härebierg. Spéitstens zënter November 2008 ass gewosst, datt verschidde Gebaier an engem ganz schlechten Zoustand sinn an dat muss sech änneren.
Déi parlamentaresch Budgetskontrollkommissioun, schléisst sech der Cours des Comptes un, a recommandéiert déi Renovatiounsaarbechten, déi um Härebierg musse gemaach ginn, z'acceleréieren. Déi Aarbechten wieren néideg, fir datt d'Personal ënnert gudde Konditiounen den Erausfuerderunge vun deem Beruff ka gerecht ginn. Da gouf festgehal, datt et wichteg ass, drop opzepassen datt nëmmen neit Equipement ugeschaf gëtt, wann och déi néideg Infrastrukturen do sinn.
Anere Constat: et misst weider besonnesch vill Wäert op de Rekrutement, d'Formatioun an d'Formation continue geluecht ginn. Et gëtt alles méi komplex. D'Informatioune musse verbessert ginn.
Dann ass der Cour des Comptes opgefall, datt bei Soumissiounen am Beräich vun der Defense d'Konkurrenz net spille kann, well an deene meeschte Fäll just eng eenzeg Offer virläit. Dat entsprécht net dem Marchés-Publics-Gesetz.
Fir d'éischt also elo mol e béise Fanger: ob sech d'Situatioun domadder verbessert, dat dierft een dann an engem nächste Spezialrapport erausliesen. |