Nieft den zwee Schwëmmer an dem Liichtathlet hunn och nach de Michel Erpelding am Boxen, de Pit Klein am Bouschéissen an den Tiago da Silva am Cyclissem d'Instruction de Base vun der Lëtzebuerger Arméi erfollegräich ofgeschloss a gehéieren elo der Elitesportsektioun vun der Arméi un. Domadder gehéieren elo 21. Zaldoten der Sektioun un.
Et ass eng Premiere fir d'Lëtzebuerger Schwammfederatioun, nach ni an hirer Geschicht haten sech Schwëmmer an d'Sportsektioun vun der Lëtzebuerger Arméi gemellt, ma dës Kéier hunn direkt 2 Athleten de Wee vum Sportzaldot ageschloen, de Raphael Stacchiotti konnt souguer als éischten dës Promotioun ofschléissen. Fir de Schwëmmer ass et eng grouss Éier kënne Lëtzebuerger Zaldot ze sinn och wann hie "nëmmen" am Sport de Grand-Duché wäert vertrieden. Donieft ass et e ganz grousse Schrëtt fir de Raphael Stacchiotti sech duerch déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Arméi an Zukunft kënne komplett op d'Schwammen ze konzentréieren.
Den 12. Januar war d'Vereedegung vun den Zaldoten, si sinn deemno elo nees fräi gestallt fir hirem Sport nozegoen. Do erginn sech dann elo och ganz nei Méiglechkeeten, wéi de Raphael Stacchiotti verréit. Am Training wäert ee bi den 10 Seancen d'Woch am Baseng bleiwen. Dobäi kënnt nach den Training am Kraaftraum, deen 3 bis 4 Mol d'Woch ass. D'nächst Saison geet de Lëtzebuerger dann eventuell vir e puer Wochen op Nice, fir do ze trainéieren.
Mam Julien Henx zielt d Schwammfederatioun dann nach een Sportzaldot an hire Reien, fir den 21 Joer jonken Diddelenger geet d'Aventure dann elo erëm am Ausland weider, wéi schonn déi leschte Méint trainéiert de Julien Henx zu Bordeaux a Südfrankräich. Ideal Konditiounen deemno fir sech op déi nächst grouss Rendez-vouse virzebereeden. Do stinn dann d'Spiller vun de klenge Länner an eventuell d'Weltmeeschterschaft um Programm.
Mam Charel Grethen ass dann och ee Liichtathlet an der Sportsektioun vun der Arméi dobäi. Dem 800 Meter-Leefer, deen och zu Rio op den Olympesche Spiller fir Lëtzebuerg un den Depart gaangen ass, bitt d'Arméi dann och d'Méiglechkeet elo ënner professionelle Konditiounen ze trainéieren. Dat heescht déi eng oder aner Seance Training pro Woch méi a virun allem och méi Zäit fir d'Recuperatioun. De Charel Grethen wäert dann awer haaptsächlech zu Lëtzebuerg bleiwe fir ze trainéieren.
Elo gëllt et dann den Trainingsréckstand aus de leschte Méint sou séier wéi méiglech erëm opzehuelen a séier zu gewinnter Stäerkt zeréck ze fannen. D'Konditiounen dofir sinn elo op alle Fall fir d'Sportzaldote geschaf. |